Brigange geflüchtAbréch zu Éiter an um Houwald

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police um Dënschdeg de Moie matdeelt, gouf e Méindeg am Nomëtteg zu Éiter an en Haus an der Réimecher Strooss agebrach.

D’Abriecher hunn déi hënnescht Dier vum Haus opgebrach. Ob eppes geklaut gouf, präziséiert d’Police net.

Da gouf et nach en Abroch an eng Wunneng an der Rue du 9 mai um Houwald. Hei gouf d’Wunnengsdier opgebrach. D’Brigangen hu Bijoue matgoe gelooss.

A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geschéckt.

Back to Top
CIM LOGO