PoliceAbréch zu Klengbetten an Ettelbréck, Iwwerfall mat Messer zu Esch

RTL Lëtzebuerg
D'Police mécht an hirem Bulletin drop opmierksam, dass an de leschten Deeg vill Onéierlecher hiert Onwiesen dreiwen.
© RTL Archivbild

An de leschte Stonne wier et der Police no zu e puer Abréch am Land komm. En Donneschdeg den Owend ass en Onbekannten an der Rue de la Montagne zu Klengbetten an en Eefamilljenhaus agebrach an huet Boergeld geklaut.

Ee weideren Abroch gouf et an der Nuecht op e Freideg an eng Wunneng an der Grand-Rue zu Ettelbréck. Hei hunn déi onbekannten Täter ënner anerem Bijoue matgoe gelooss.

A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geruff.

D’Police rappelléiert nach emol op hir Tipps, wéi een Abréch evitéiere kann.

Iwwerfall mat Messer

https://police.public.lu/fr/prevention/cambriolages.htmlEn Donneschdeg den Owend koum et dann nach zu engem Iwwerfall zu Esch. D’Affer gouf mat Hëllef vun engem Messer menacéiert an den onbekannten Täter huet e Locatiounsvëlo geklaut. Am Kader vun enger Sichaktioun gouf dëse Vëlo méi spéit bei der Escher Gemeng erëmfonnt, ma vum Täter huet all Spuer gefeelt. D’Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO