
Wéi et heescht, wieren déi dräi allerdéngs vun enger Residente iwwerrascht ginn, wéi si amgaange waren, eng Kummer ze duerchwullen. Éischten Informatiounen no goufe Bijoue geklaut.
E Freidegowend koum et dann zu engem Abroch an en Haus an der Cité Fritz Rasque zu Rued. Och hei sinn d’Täter vun engem Resident iwwerrascht ginn a geflücht. Eng Sich no de Verdächtegen ass bis ewell ouni Succès bliwwen.
D’Police huet a béide Fäll eng Enquête lancéiert. Rotschléi, wéi ee sech preventiv ka géint Abriecher schützen, fannt Dir um Site vun der Police.