Géigend FridhaffAbriecher hu sech duerch d'Bascht gemaach

RTL Lëtzebuerg
Onéierlecher waren an der Nuecht op e Freideg géint 2.15 Auer an der Houschter Déckt an en Auto agebrach an dunn a Richtung Dikrech geflücht.

Eng Patrull hat d’Abriecher an engem schwaarze Won op der Kräizung fir op Branebuerg lokaliséieren a suivéiere kënnen. Op enger Pompelstatioun um Fridhaff gouf de Won fonnt. De Motor war nach gelaf, ma vun den Täter huet all Spuer gefeelt. Si konnten net festgeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO