
Zu Rolleng sinn onbekannt Täter géint 18 Auer iwwert eng Terrass an en Haus agedrongen, hunn hei eng Rei Kummeren duerchwullt an och Wäertgéigestänn matgoe gelooss.
Zur selwechter Zäit koum et zu engem Abroch zu Biereng, wou Täter eng Fënster opgemaach hunn, fir an en Haus eranzekommen. Och hei sinn eng Rei Kummeren duerchwullt ginn, d’Brigangen hunn ausserdeem Bijoue geklaut.
Géint 20 Auer gouf dann och nach an en Appartementshaus zu Schëffleng agebrach, méi prezis am Keller. D’Täter hunn hei e Vëlo an eng Rei Wäifläsche matgoe gelooss.