
Si konnten op engem Busarrêt zu Gräisch gestallt ginn. De Parquet gouf informéiert an ee vun hinnen op hiren Uerder hi festgeholl. Den zweete Verdächtege koum zwecks Erkennung mat op de Policebüro.
Permisen agezu wéinst Alkohol um Steier
E Sonndeg den Owend krut d’Police en alkoholiséierte Chauffer gemellt, dee mat sengem Gefier matten an der Rue de Schlammsté zu Weiler zum Tuer stoung. Eng Patrull ass kucke gefuer, ma de gemellte Won war fort. E konnt awer kuerz drop ermëttelt ginn an en Alkoholtest beim Chauffer war positiv. Hie krut e provisorescht Fuerverbuet.
An der Nuecht dunn ass eng aner Patrull zu Zolwer op en Auto opmierksam ginn, deen am Zickzack a Richtung Esch ënnerwee war. D’Gefier gouf direkt gestoppt a bei der Kontroll koum eraus, dass de Chauffer net just kee valabele Permis konnt virweisen, hien hat och ze déif an d’Glas gekuckt. En Test war positiv an de Fürerschäi provisoresch fort.