D'Police melltAbroch, Déifställ, Kläpperei a Farerflucht

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch an an der Nuecht op en Donneschdeg hat d'Police uechter d'Land genuch ze dinn.

E Mëttwoch géint 12.40 Auer gouf der Police een Déifstall zu Uewerkäerjeng gemellt. Zwou Persounen, déi virginn hate Spenden ze sammelen, hate sech Zougank zu engem Haus verschaaft an eng gréisser Zomm Sue geklaut. Eng Enquête leeft.

Géint 18.30 Auer hunn dräi Täter probéiert engem jonke Mann an der rue du Centenaire zu Diddeleng säin Elektroscooter ze klauen. D’Affer gouf geschloen, konnt awer verhënneren, datt e beklaut gouf. D’Täter sinn a Richtung vum Diddelenger Zentrum geflücht. D’Affer koum fir eng Kontroll an d’Spidol. Eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.

Kuerz no 20 Auer war et dann een Abroch an een eidelt Wunnhaus an der Rue Nicolas Grethen an der Stad. Dräi Täter goufe gestéiert a sinn duerch d’Rue Nicolas Ries a Richtung vun der Avenue de la Faïencerie geflücht. Zwee vun hinne konnten d’Policebeamte spéider stellen. Et gouf ee Protokoll erstallt.

Géint 22.25 Auer ass et bei enger Verkéierskontroll an der Rue d’Ellange zu Elweng zu engem Fall vu Farerflucht komm. De Chauffeur ass mat héijer Vitesse a Richtung Réimech fortgefuer. D’Police konnt de Won an der route de l’Europe zu Réimech anhuelen an de Chauffeur immobiliséieren. Hien an zwou weider Persounen aus dem Auto goufen op de Policebüro matgeholl. Hei gouf festgestallt, datt de Chauffeur kee gültege Permis an 5,6 Gramm Marihuana derbäi hat. Hie gouf festgeholl an huet en Donneschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Géint Hallefnuecht ass et dann op Héicht vun der Place d’Armes an der Stad zu enger Ausernanersetzung tëscht méi Persoune komm. Dräi jonk Männer hunn eng Grupp vu Leit, déi Englesch geschwat hunn, provozéiert an et koum zu enger Kläpperei. D’Täter sinn a Richtung Hamilius geflücht, dat nodeems si den Affer dräi Mallette geklaut haten. Eng Enquête leeft.

Back to Top
CIM LOGO