
Den Onéierleche war duerch eng Fënster, déi opstoung, an d'Wunneng an engem Méifamilljenhaus geklotert. D'Bewunner, déi deen Ament an engem anere Raum waren, hu Geräischer am Schlofzëmmer héieren. Wéi si kucke wollten, wat do virgeet, war d'Dier vu bannen zougespaart. Den Déif huet sech kuerz drop an onbekannte Richtung mat Boergeld a Bijouen duerch d´Bascht gemaach.
Kuerz no Hallefnuecht konnt eng Policepatrull dann hënt op der Stater Gare e Mann pëtzen, deen op engem Vëlo ënnerwee war, deen de 5. Juni als geklaut gemellt gi war. De Proprietär krut säi Vëlo zréck an de presuméierten Täter gouf protokolléiert.
Am Kader vun der aktueller Verkéierssécherheetscampagne iwwer d'Oflenkung um Steier huet d'Police dann e Mëttwoch de Moien eng Verkéierskontroll op der N50 tëschent dem Garer Quartier an dem Stadzentrum duerchgefouert. Wärend dëser Kontroll, déi ronn 1 Stonn gedauert huet, goufen 8 Verstéiss festgestallt. An 3 Fäll hunn d'Chauffere beim Fuerden den Handy benotzt (145 Euro an 2 Punkten), an 3 Fäll waren d'Pabeieren net komplett (24 Euro), an dann haten och nach 2 Chauffere de Sécherheetsgurt net un (145 Euro an 2 Punkten).