CGDISAccident mat 3 Blesséierten am Tunnel Grouft

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Accident am Tunnel Grouft en Donneschdeg de Moie kuerz virun 9.15 Auer sinn zwou Camionnetten aneneegerannt.

Dräi Persoune sinn dobäi blesséiert ginn, wéi de CGDIS matdeelt. Den Tunnel war eng Zäit laang an Direktioun Norde fir den Trafic gespaart. Kuerz virun 8 Auer en Donneschdeg de Moien ass zu Bruch bei Béiwen en Automobilist vun der Strooss ofkomm a gouf blesséiert. D’nämmlecht ass et géint 9.45 Auer engem Automobilist zu Bollenduerf gaangen.

Zwee Blesséierter bei zwee Accidenter um Mëttwochowend

Géint 21 Auer e Mëttwoch ass op der A3 vun Diddeleng Richtung Metz en Auto accidentéiert. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt. Ronn eng hallef Stonn méi spéit ass an der Uewerstad um Boulevard Prince Henri eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO