Um LampertsbiergAccident op der Kräizung vun der Avenue Victor Hugo mat der Rue Ermesinde

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass den Accident e Freideg kuerz no der Mëttesstonn. De Samu war op der Plaz, fir sech ëm Blesséierter ze këmmeren. En Auto war op der Kopp.
Schroen Accident e Freideg um Lampertsbierg
Zwee Autoe waren involvéiert, de SAMU war am Asaz

Genee Detailer zur Ursaach vum Accident ginn et den Ament keng. D’Police hat op Nofro matgedeelt, dass zwou Persoune blesséiert goufen. Am Bulletin vum CGDIS, deen um 16.47 Auer geschéckt gouf, ass rieds vu 6 Blesséierten, ouni awer ze preziséieren, wéi uerg d’Blessure sinn.

Wéinst dem Accident war d’Avenue Victor Hugo och gespaart. Op der Plaz waren d’Pompjeeën aus der Stad, Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer, grad ewéi de Stater SAMU.

Back to Top
CIM LOGO