
D’Autobunn war wéinst dem Accident e Freideg am Nomëtteg komplett blockéiert. Et hat sech e Stau vun e puer Kilometer forméiert.
Kuerz viru 17 Auer war den Accident geraumt an zanterhier rullt den Trafic erëm.
Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun bei deem Accident verwonnt. D’Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper goufen an den Asaz geruff, grad ewéi d’Stater Ambulanz an den SAMU.