
D'Pompjeeë vun Hesper, d'Ambulanz aus der Stad an de Stater SAMU hunn en Dënschdeg an de fréie Moiessstonnen mussen op Alzeng an den Asaz. Hei war géint 3:35 Auer an der Rue de Syren en Accident tëscht engem Auto an engem Motorrad geschitt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Kuerz viru 4 Auer hunn zu Schëtter "Um Grousbuer" Miwwelen op enger Terrass gebrannt. D'Pompjeeë vun Nidderaanwen a Kanech waren am Asaz, fir ze läschen. Et blouf beim Materialschued.
Ee Blesséierte gouf et e Méindeg den Owend op der Dikrecher Esplanad. Hei ass eng Persoun ugestouss ginn. Den Ettelbrécker SAMU ass op d'Plaz geruff ginn, grad ewéi d'Pompjeeën an d'Ambulanz Nordstad.
Zu Rëmeleng sinn e Méindeg géint 17:30 Auer zwee Autoe kollidéiert. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vu Rëmeleng an d'Ambulanz vun Diddeleng waren am Asaz.