
D’Secouristen aus der Nordstad, vun Housen a vu Buerschent waren am Asaz.
Gerabbelt hat et awer och géint 17.30 Auer zu Hoen. Do hate sech zwee Autoen ze pake kritt. Hei blouf et bei engem Blesséierten.
Da mellt de Rettungsservice en drëtten Tëschefall e Mëttwoch de Moien eppes viru 7 Auer op der N27 tëscht Sandweiler a Richtung Éiter. Bei der Kollisioun tëscht zwee Gefierer gouf et zwee Blesséierter.