
Geschitt war dee géint 15.45 Auer op der B7 tëscht Ettelbréck an Dikrech, op der Héicht vum Radar. Éischten Informatiounen no soll ee Gefier wärend engem Iwwerhuelmanöver op d’Géigespuer gerode sinn. En zweete Won huet missen auswäichen a krut eng Leitplank ze paken.
Beim flüchtegen Auto soll et sech ëm en däischteren SUV handelen, deen a Richtung Ettelbréck ënnerwee war. Eventuell Zeie oder souguer de Chauffer vum gesichten SUV solle sech bei der Police vu Miersch um (+352) 244 90 1000 oder per E-Mail op police.mersch@police.etat.lu mellen.