Police a CGDIS am AsazAccident tëscht Hesper a Conter, Minibus géint Auto um Rouscht
Géint 9 Auer e Méindeg de Moien huet d'Police een Accident tëscht Hesper a Conter gemellt, méi genee an der Allée de la Jeunesse Sacrificiée.
D’Strooss tëscht Hesper a Conter war tëschenzäitlech blockéiert.
E weideren Accident gouf et dann nach géint 10 Auer op der N7 um Rouscht. Hei sinn an der Route de Luxembourg een Auto an ee Minibus net laanschtenee komm. Zwou Persoune sinn RTL-Informatiounen no blesséiert ginn an och hei war d’Strooss tëschenzäitlech fir d’Rettungs- an Opraumaarbechten zou.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.