
Kuerz no 1 Auer e Méindeg de Moie koum et opgrond vu Wëld, dat iwwer d'Strooss gelaf ass, zu engem Accident um CR101 tëscht Mamer a Koplescht.
De Chauffeur ass engem Déier kuerz viru Koplescht ausgewach, vun der Strooss ofkomm a krut dunn e Bam ze paken. Den Automobilist konnt aus eegener Kraaft aus dem Auto klammen an den 112 ruffen, den Auto hat zu deem Moment scho Feier gefaangen.
Obwuel d'Pompjeeë séier do waren, ass den Auto komplett ausgebrannt. De Chauffeur koum fir eng Kontroll an d'Spidol.