
En Donneschdeg de Mëtteg gouf der Police en Déifstall aus engem Auto gemellt, deen an der Rue Joseph Heintz an der Stad geparkt war. Éischten Erkenntnisser no war en Täter mat Gewalt an den Auto agebrach an huet hei e Portmonni an en Hausschlëssel geklaut. Bei enger Sich konnt e bësse méi spéit e Mann ugetraff ginn, deen als presuméierten Täter identifizéiert gouf. Net wäit vun him ewech gouf dann och eng Bankomatskaart vum Affer fonnt. De Verdächtege koum mat op de Policebüro, wou sech erausgestallt huet, datt hie schonn e puer Mol bei der Police opgefall war. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter.
Nieft dem Déifstall aus dem Auto goufen en Donneschdeg nach dräi Leit beim Klauen erwëscht. Wéi d'Police schreift, war hinne géint 10:30 Auer en Déifstall an engem Buttek zu Stroossen gemellt ginn. Op der Plaz konnt d'Police zwee Verdächteger untreffen. Well dës keng Dokumenter, fir sech auszeweisen, dobäi haten, hu si misse mat op de Policebüro. Déi geklaute Saache goufe séchergestallt.
Am Nomëtteg vum selwechten Dag huet e Sécherheetsmataarbechter an engem Akaafszenter um Kierchbierg gesinn, wéi e Mann probéiert huet, e puer Kleeder ze klauen. Wéi de Mann aus dem Buttek eraus wollt goen, gouf hie vum Sécherheetsmann ugeschwat. Hien huet zouginn, véier Kleedungsstécker geklaut ze hunn, déi hien a säi Rucksak gemaach huet. Och dëse Mann koum mat op de Policebüro.