CGDISAccident tëscht Pëtten a Miesdref, Auto fänkt kuerz drop Feier

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Accidenter vun e Samschdeg respektiv e Sonndeg de Moie fréi.

Kuerz viru 5 Auer ass tëscht Ollem a Kielen een Auto an ee Bam gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

An um zwanzeg op 4 gouf et och ee Verwonnte bei engem Accident tëscht Pëtten a Miesdref. Hei hat d’Gefier dono nach Feier gefaangen.

Am Laf vun e Sonndegmëtteg koum et dunn nach zu zwee weideren Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten. Géint 12.22 Auer ass en Auto op der A13 tëschent Keel a Schëffleng accidentéiert. Um 14.41 Auer louch e Gefier an der Rue de Merscheid zu Mäerzeg op der Kopp.

Back to Top
CIM LOGO