ZeienopruffAccident um Kierchbierg tëscht Auto a Vëlo - Gesicht gëtt nom Vëlosfuerer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie géint 8.30 Auer koum et an der Rue Richard Coudenhove-Kalergi zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Cyclist.

De Cyclist war mat engem bloe Locatiounsvëlo ënnerwee, hat eng blo Jackett an e schwaarz-wäissen Helm hunn. En ass no der Kollisioun einfach weidergefuer.

An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no eventuellen Zeien, besonnesch wat de Cyclist ugeet, deen an den Accident involvéiert war. All d’Informatioune si fir d’Police an der Stad, sief et via Telefon um (+352) 244 40 1000 oder via E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO