CGDISAccidenter mat enger Rei Gefierer op e puer Autobunnen am Laf vun e Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 10 Auer koum et op der A3 a Richtung Stad zu engem Accident tëscht sechs Autoen op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz.
© Domingos Oliveira

Wéi et am Trafic-Info geheescht huet, ware béid Spueren deels blockéiert. Dësen Tëschefall huet fir Problemer am Trafic gesuergt, well béid Spueren hu misste gespaart ginn. D’Deviatioun war iwwer d’A13 geleet ginn.

Am Nomëtteg um 14.47 Auer koum zu engem weideren Accident mat e puer Gefierer, dës Kéier op der A4 a Richtung Esch, Blesséierter gouf et hei awer keng.

Um 16.29 Auer gouf et dunn nach een Accident mat enger Rei Gefierer op der A6 a Richtung Arel, hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn.

Wéi vill Gefierer a béiden Accidenter vum Mëttwochnomëtteg involvéiert waren, gëtt am Bulletin vum CGDIS net preziséiert.

Back to Top
CIM LOGO