
E Sonndeg huet d'Police an zwee verschiddene Fäll Verstéiss am Zesummenhang mat Droge constatéiert.
Am Kader vun enger Sich no engem presuméierten Täter, dee versicht hat, an en Auto anzebriechen, huet d'Police dräi Männer an der Rue du Fort Neipperg am Garer Quartier vun der Stad kontrolléiert. Bei enger weiderer Kontroll goufe bei zwee vun hinne kleng Quantitéiten Haschisch, souwéi e puer Bulle Kokain fonnt a séchergestallt. Bei enger Persoun goufen ausserdeem Boergeld an en Handy saiséiert. Déi entspriechend Protokoller goufen opgestallt.
An engem weidere Fall ass enger Policepatrull an der Géigend vun enger Tankstell op der Route d'Arlon um Wandhaff en Auto wéinst sengem opfällege Fuerverhalen opgefall. Bei der uschléissender Kontroll gouf et Hiweiser dorop, datt de Chauffer ënner Drogenafloss stoung. En Drogeschnelltest ass positiv op Cannabis ausgefall. Doropshin goufen him den Autosschlëssel an d'Pabeiere provisoresch ofgeholl.