Onéierlecher zu Ettelbréck gepëtztZweemol goufe Kreditkaarte geklaut a kuerz dono domat bezuelt

RTL Lëtzebuerg
Der Police waren e Sonndeg zwee verschidde Fäll vun Déifstall gemellt ginn. A béide Fäll war eng Kreditkaart geklaut an dono domat bezuelt ginn.
Zwee Mol goufen e Sonndeg Kreditkaarte geklaut.
© pexels.com / energepic.com

E Sonndeg gouf der Police en Déifstall aus engem Auto an der Rue Dr. Klein zu Ettelbréck gemellt. Deemno hat een oder e puer Täter aus dem Auto, deen net zougespaart war, ënner anerem en Tablet an e Kaartenetui mat perséinlechen Dokumenter an enger Kreditkaart geklaut.

Kuerz drop huet de Geschiedegten eng Notifikatioun kritt, datt mat der geklauter Kreditkaart an engem Café an der Rue Prince Henri zu Ettelbréck bezuelt gi wier. Op der Plaz hunn d'Polizisten ee Verdächtegen ugetraff an d'Kreditkaart an den Tablet séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. D'Ermëttlunge lafen nach.

Dee selwechten Dag war en Déifstall an engem Zuch gemellt ginn. D'Affer war ageschlof. Wéi de Mann wakereg gouf, hat hie festgestallt, datt ënnert anerem seng E-Trottinett, seng Kreditkaart, seng Kopfhörer an e puer Luedkabele geklaut gi waren. Donieft hat sech dunn och hei erausgestallt, datt mat der Kaart bezuelt gi war. De Verdächtegen, dee mat der E-Trottinett ënnerwee war, konnt zu Ettelbréck op der Gare lokaliséiert ginn. Bei der Kierperduerchsichung konnt nach ee vun de Luedkabele fonnt ginn. D'E-Trottinett gouf séchergestallt an dem Besëtzer zréckginn. Och hei lafen d'Ermëttlungen nach.

Back to Top
CIM LOGO