Enthale sougenannten "Trojaner-Virus"Police warnt viru Bedruchsmailen am Numm vun der Justiz

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin warnt d'Police virun enger Bedruchsmasch, déi rezent nees méi dacks gemellt gouf.
Den Ament gi gefälschte Mailen am Numm vun der Justiz verschéckt.
© Glenn Carstens-Peters / Unsplash

Dobäi krute Privatpersoune Maile vun enger angeeblecher Justizautoritéit, wéi beispillsweis enger Affekotenetüd oder engem Dierwiechter, dat am Kader vun enger vermeintlecher strofrechtlecher Enquête.

Am Mail ass an der Reegel e Link, deen e sougenannten "Trojaner-Virus" enthält. Wien esou e Mail kritt, soll en ignoréieren a läschen. Vun der Police ass et an deem Kontext dann och de Rappell, wa méiglech och seng eeler Matmënschen iwwert dës Form vun Arnaque z'informéieren an opzeklären.

Back to Top
CIM LOGO