
E Samschdeg den Owend spéit, koum am Grenzgebitt tëscht Lëtzebuerg an der Belsch zu engem presuméierten “Tuning"-Treffen, un deem direkt eng ganz Partie Autoe bedeelegt waren. D’Treffe gouf, sou heescht et am Police-Bulletin, iwwert déi sozial Medie koordinéiert.
Op Grond vun intensiven Ermëttlungen, un deenen direkt e puer Patrulle bedeelegt waren an an Zesummenaarbecht mat de belschen Autoritéiten, konnt den Treffpunkt vun den Tuner e puer mol verlagert ginn. Ënnert anerem op d’Wemperhaart an op d’Schmëtt, sou wéi dono op Gouvy an op Libramont an der Belsch.