Kritik vun Amnesty InternationalLänner, déi den Handel mat Israel-Bonds zouloossen, géifen indirekt och e Genozid erméiglechen

Joel Detaille
Et ass den Appell un d'Lëtzebuerger Regierung, dee politesche Choix z'iwwerdenken.
© Domingos Oliveira

D'EU-Memberstaaten, déi den Handel mat de sougenannten Israel-Bonds weider zouloossen, riskéieren, dass se Kompliz gi vum Vëlkermord a Gaza. Esou ass e Schreiwes vun Amnesty International iwwerschriwwen, deen och Lëtzebuerg viséiert.

Hei bei eis ass den Handel mat deenen israeelesche Staatsobligatiounen nämlech méiglech, wéi beispillsweis och an Irland. Den offiziellen Emissiounsprospekt fir d'EU ass duerch d'Lëtzebuerger CSSF gereegelt.

De Regime zu Jerusalem géif déi Suen awer notzen, fir hir Verbrieche géint d'Palestinenser ze finanzéieren, heescht et vun der ONG. E Land, wat also den Handel mat den Israel-Bonds zouléisst, géif indirekt och e Genozid mat erméiglechen, warnt Amnesty a rifft d'Lëtzebuerger Regierung op, dee politesche Choix ze iwwerdenken.

PDF: Pressecommuniqué vun Amnesty International

Back to Top
CIM LOGO