
An enger Doudesannonce huet seng Famill den Trauerfall no de Feierdeeg confirméiert. De Jean Hoss hat 1964 zesumme mam André Elvinger den Affekotebüro “Elvinger Hoss Prussen” gegrënnt, ee vun de gréissten Affekotebüroen nieft just Arendt a Medernach.
Ewéi d’Wochenzeitung d’Land e Freideg schreift ass et dem Elvinger an dem Hoss zanter 1968 gelongen, datt Investissementsgesellschafte vum favorabele Regime vun den Holdinge profitéiere kënnen. Se hätten esou d’Jalone fir d’Fongenindustrie gesat, esou d’Land.
De Jean Hoss huet net just eng grouss wirtschaftlech Roll gespillt, hien huet och d’Fondatioun André Losch mat op d’Bee gestallt an hie war och an der Kultur engagéiert. Hie war ënnert anerem Vizepresident vum Mudam a vun der Philharmonie. Hie gouf 87 Joer al.