Stad LëtzebuergAffer krut Portmonni geklaut a gouf liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg géint 5 Auer ass an der Stad an der Rue du Fort Neipperg eng Persoun iwwerfall ginn, mellt d'Police.

Éischten Informatiounen no gouf d’Affer vun engem Täter ofgelenkt, iwwerdeems een zweeten Täter dem Affer säi Portmonni geklaut huet. Wéi d’Affer dat bemierkt huet, wollt hien d’Täter fotograféieren. D’Täter wollten dat net zouloossen an et koum zu enger Ausenanersetzung, bei där d’Affer liicht blesséiert gouf. D’Täter konnte sech an der Suite aus dem Stëbs maachen. Eng Enquête gouf lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO