
Géint 20.40 Auer um Freideg den Owend gouf d’Police op eng Tankstatioun zu Péiteng geruff. Op der Plaz nach hu si eng Persoun ugetraff, déi der Beschreiwung, déi si kruten, gepasst huet. Bei den Ermëttlunge koum eraus, datt de Mann de Verkeefer vun der Statioun menacéiert hat an ouni ze bezuele wollt goen. Wéi d’Beamten de Mann op de Policebüro wollte mathuelen, huet hie sech esou massiv géint d’Beamte gewiert, datt hien immobiliséiert huet misste ginn. Well hien a sengem Zoustand déi ëffentlech Uerdnung gestéiert huet, gouf hien no engem Besuch beim Dokter an Arrest bruecht. Ma och do war de Mann weider net kooperativ an aggressiv.
An engem Café an der Stad hat en anere Mann d’Clienten belästegt an huet sech och geweigert, de Bistro ze verloossen. Eng Patrull koum op d’Plaz an huet de schwéier alkoholiséierte Mann ugetraff. Och hie koum wéinst sengem Behuelen an Zoustand an Arrest.
Da mellt d’Police nach e puer Abréch. Dat eng Kéier an en Eefamilljenhaus zu Schieren, wou d’Täter e puer Raim duerchwullt hunn. Änlech Situatioun dann zu Mierschent. A béide Fäll war d’Spueresécherung am Asaz.
E Verdächtege konnt dann zu Rëmeleng gestallt ginn, nodeem probéiert gouf, an eng Wunneng zu Rëmeleng anzebriechen. Den Täter gouf vun de Bewunner iwwerrascht a war kuerz op der Flucht.
Weider heescht et vun der Police, datt ee an der Nuecht op e Samschdeg 45 Mol geruff gouf, dat wéinst Streidereien, Kläppereien oder Stéiere vun der Nuetsrou. An de meeschte Fäll konnt d’Situatioun op der Plaz gekläert ginn.