KrautmaartAktualitéitsstonn iwwer Chômage-Hausse, Teletravail a sozial Ongläichheeten

RTL Lëtzebuerg
D’Betriber sollen nach besser gehollef kréien, fir aus der Kris erauszekommen an den Teletravail muss e legislative Kader kréien.
Aktualitéitsstonn
D’Betriber sollen nach besser gehollef kréien, fir aus der Kris erauszekommen an den Télétravail muss e legislativen Kader kréien.

Dat huet d’CSV an der Chamber am Kader vun enger Aktualitéitsstonn gefuerdert.

Chamber - Reportage vum Eric Ewald

Diskutéiert gouf ënnert anerem iwwert d’Hausse vum Chômage, den Teletravail an déi sozial Ongläichheeten am Kader vun der Corona-Kris.

Der CSV no war de Lockdown noutwenneg. Dat Ganzt hätt awer elo een negativen Impakt op d’Wirtschaft an den Aarbechtsmarché. De Chômage wier an d’Luucht gaangen. Dowéinst misste Betriber nach besser gehollef kréien. D’Partei kritiséiert awer, datt verschidde Betriber, déi wärend dem Lockdown zouhaten, keng staatlech Hëllefe kruten.

E weidere Sujet war den Teletravail. Dëse géif de Verkéier entlaaschten an domadder d’CO2-Emissioun reduzéieren. An Zukunft misst awer ee legislative Kader geschaf ginn. Hei géife sech eng Rëtsch Froe stellen. Ënnert anerem wéi den Home Office vum Patron kontrolléiert gëtt a wéi et mam Aarbechtsschutz, dem Aarbechtsvertrag an dem Dateschutz ausgesäit.

D’Corona-Kris verstäerkt och déi sozial Ongläichheeten. Ënnert anerem goufe vill Leit duerch d’Kris isoléiert. D’Ongläichheete géife besonnesch op finanziellem a mënschlechem Plang zouhuelen. Bis ewell hätten iwwer 100.000 Leit hei am Land am Aarmutsrisiko gelieft.

An Zukunft missten dann och méi Suen an de Sozialsystem investéiert ginn, esou nach d’CSV.

Um Enn vun der Sëtzung huet d'Corinne Cahen dunn nach op eng dringend parlamentaresch Fro zu den Alters- a Fleegeheimer vun den CSV-Deputéierte Martine Hansen a Laurent Mosar hin eng Annonce gemaach. Et kéint ee Leit aus deene Strukturen net permanent a Quarantän setzen, z.B. wa si bei en Dokter hu misste goen.

D'Familljeministesch huet dofir nei Recommandatiounen zu de Visitten a Sortien ugekënnegt: „Bei de Visitten ass et nämlech elo sou, dass och Kanner kënnen an Alters- oder Fleegeheemer op Besuch goen. Déi Visitte mam Plexiglas, dat muss just si fir de Fall, wou e Bewunner net kann de Mask undoen. Ech denken do z.B. un eng demenzerkrankte Persoun, déi dat net versteet. Do muss Plexiglas sinn, mä soss awer net. Wann ee kann d'Gestes barrièren anhalen, déi zwee Meter, de Mask, da muss ee kee Plexiglas hunn. D'Kanner, wéi gesot, kënnen elo matgoen, d'Kanner iwwer 6 Joer, wann et bannen ass, well wa se an der Schoul verstinn, dass een eppes muss undoen, virun d'Nues an de Mond, da versti se dat sécher och am Alters- oder Fleegeheem. Baussen ass d'Unzuel u Besuch am Prinzip net limitéiert, just bannen, op zwou Persounen, an d'Paus tëscht de Visitte geet vun 30 op 10 Minutten erof, fir dass méi Leit och kënnen op Besuch kommen. Wat elo d'Sortien ugeet vun de Leit, déi an engem Alters- oder Fleegeheem wunnen: Et gëllt fir méi eeler Leit dat nämmlecht, wéi fir déi aner. Et kann net méi sinn, wann een an eng Dialys geet oder wann ee bei den Dokter geet, dass een dann a Quarantän gesat gëtt.“

Woubäi d'Gestionnairen awer missten decidéiere kënnen, wéi wäit si kënne goen oder net, sou d'Corinne Cahen.

Back to Top
CIM LOGO