
Et ginn zum Beispill Maile verschéckt, vun der Mailadress information@ccss.lu, wou d’Leit drop higewise ginn, dass se eng nei Kaart vun der Sécurité sociale bräichten, an et gëtt een dann och opgefuerdert dës ze bezuelen.

D’CCSS weist drop hin, dass déi nei Kaarte gratis sinn, an dass d’CCSS och ni géif no enger Kreditkaartennummer froen.
Et soll een déi Mailen an SMSen deemno ignoréieren.
