
Gewarnt gëtt wéinst den héijen Temperature vu bis zu 35 Grad.
Aktuelle Previsiounen no klammen d'Temperaturen och um Sonndeg an och déi nächst Woch op 36 bis 37 Grad. Vereenzelt ass vun 38 Grad Rieds, sou z.B. fir en Dënschdeg.

Wee wëlles hat elo spontan de Weekend op de Stauséi ze fueren, fir sech do e bëssen ofzekillen, deem sief gesot, dass do d'Plaze schonn all ausgebucht sinn. Ween also nach keng Reservéierung gemaach huet, muss sech no enger Alternativ ëmkucken.
Plagen um Stauséi fir de Weekend schonn ausgebuchtWéinst den aktuelle Wiederkonditiounen, kéint och den europäeschen "seuil d'information" fir Ozonwäerter vun 180 µg/m3 an den nächsten Deeg erreecht ginn.
Déi aktuell Ozonwäerter op www.emwelt.luMéi Informatioune fannt Dir hei am Schreiwes vum Ëmweltministère.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.