
Um Samschdeg de Moie war nach Rieds vun enger alerte jaune tëscht e Samschdegowend 18 Auer an e Sonndegmoien 9 Auer.
Kuerz no 13 Auer koum dunn awer eng weider Meldung vu Meteolux, déi fir e Samschdegowend 22 Auer bis e Sonndegmoien 3 Auer souguer eng "alerte orange" erausginn hunn, mat dem Message:
"Vigilances MeteoLux: Alerte Orange. Orages forts avec possibilité de grêle, fortes averses et des rafales de vent très fortes, pour tout le pays. Valide pour l'échéance du: 19/06/2021 22:00 au20/06/2021 03:00."

Et heescht also den Owend d'Gaartemiwwele gutt ze verstauen oder ze sécheren.
Op eisem Wieder-Radar kann een verfollegen, wéini a wou de Reen wäert erofkommen. Hei ännert sech d'Situatioun quasi vu Stonn zu Stonn. Deemno ass et ganz schwéier e geneeë Pronostic ze maachen.
Och a Frankräich ass een op d'Donnerwiedere preparéiert. Bis an d'Mëttesstonn waren 41 Departementer a "vigilance orange" gesat ginn.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.