
E Sonndeg am Nomëtteg war op der Héicht vum Pont Jean-Pierre Buchler an der Stad en Auto an eng Rout Luucht gerannt. Nom Accident ass de Chauffer ouni sech ëm de Schued ze këmmeren, iwwer d’Tramspuer a Richtung Gare weidergefuer. Kuerz Zäit drop gouf den accidentéierten Automobilist nach eng Kéier gemellt, well en antëscht de Verkéier blockéiert huet.
Op der Plaz hunn d’Beamten en Alkoholtest mam Chauffer gemaach, dee positiv ausgefall ass. Wéinst dem héijen Taux gouf de Permis agezunn.
De selwechten Nomëtteg gouf der Police en Accident op der N24 zu Rippweiler gemellt, bei deem eng Fra mat hirem Auto an e Bam gerannt ass. D’Automobilistin gouf dobäi liicht blesséiert. No enger medezinescher Versuergung op der Plaz koum d’Fra an e Spidol. Och si hat ze vill gedronk an huet de Fürerschäi missen ofginn.
An der Folschter Strooss zu Proz gouf iwwerdeem géint 21 Auer en Automobilist kontrolléiert, deen och ze vill gedronk hat. Och hie krut de Permis ofgeholl.
Zu Schieren war eng 20 Minutte méi spéit e Chauffer an en Zonk an der Garer Strooss gerannt. Bei der Kontroll huet och dësen Automobilist däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen an huet missen de Fürerschäin ofginn.