
Dëse Chauffer war déi falsch Säit tëschent de Sortië Luerenzweiler a Waldhaff ënnerwee. Hien ass am Zickzack gefuer an ass an d’Leitplanke gerannt. Iergendwann huet hien d’Kéier gemaach. Um Enn gouf den Automobilist um Sennengerbierg gepëtzt. Hien hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ofgeholl.