Koum an d'AusniichterungszellAlkoholiséierte Mann zu Ettelbréck ass ëmmer nees an d'Strooss gefall

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg huet géint 15.30 Auer eng Fra d'Police kontaktéiert, fir ee staark alkoholiséierte Mann ze mellen.

De Mann huet sech selwer a Gefor bruecht, doduerch datt hien zu Ettelbréck ëmmer nees op d’Fuerbunn gefall ass. De Mann konnt vun de Beamten ugetraff ginn an hat tatsächlech Schwieregkeeten, sech nach op de Been ze halen.

Well de Mann a sengem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer war, gouf hien no enger medezinescher Ënnersichung an d’Ausniichterungszell bruecht.

Decouverte vun Droge bei Caféskontroll

Géint 3 Auer an der Nuecht waren d’Beamten dann och nach fir eng Kontroll an engem Café zu Esch. D’Polizisten hunn an deem Kader kleng Kugele mat engem wäisse Polver fonnt. Nodeems d’Beamten den Iwwerwaachungsvideo aus dem Lokal gekuckt hunn, si si op d’Spuer vun zwee Männer komm, déi d’Kugele bei sech haten. Bei enger Fouille konnten nach emol 19 Kokain-Kugelen a Boergeld fonnt ginn.

Op Uerder vum Parquet goufen d’Drogen, d’Boergeld an d’Telefone vun deenen zwee Männer saiséiert. Si goufe festgeholl an an de Prisong Uecherthaff bruecht.

Back to Top
CIM LOGO