Als eng Plaz fir d’Passioun, sou géing de Responsabele vum Projet GRIDX d’Konzept beschreiwen. Am Juli 2025 sollen d’Dieren opgoen. Mobilitéit, Iessen, Ënnerhalung a lokaalt Handwierk sollen am Mëttelpunkt stoen.
Um Site sollen ënnerschiddlech Aktivitéite regroupéiert ginn, ronderëm den Auto, d’Artisanat, d’Konscht an den Evenementiel. De Responsabele vum Projet Alex Giorgetti erkläert, wouhier d’Iddi kënnt.
“Et ass eis opgefall als Famill, dass d’Leit ganz vill och eleng doheem sinn, dass gewësse Leit och net méi wierklech vill eng reell Passioun hunn, dass se vill och um Internet sinn, um Handy sinn an do sote mir eis, mir missten e Gebai iwwerleeën, wou d’Konzept e gutt Stéck méi wäit geet, wéi just eppes ze verlounen.”
Et wëllt een och de Commerce, wéi en haut ass, generell a Fro stellen. Iwwerall wieren déi selwecht Geschäfter. Dowéinst wéilt een d’Handwierk stäerken a wier bereet, dem lokalen Handwierk entgéintzekommen.
“Also well mer natierlech keen traditionelle Centre commerciale sinn, hu mer och ganz aner Strategien och ënnert dem Präis. Dat heescht, déi sinn e gutt Stéck méi abordabel wéi gewinnt. An natierlech si mer och ëmmer oppen, lokal Leit ze hëllefen, e Projet ze realiséieren, wou een et ëmmer gedreemt huet.”
Fir den Entertainment wäert dann och gesuergt sinn. Nieft engem grousse Parking, wou kënnen Eventer ofgehale ginn, wäert den Auto eng besonnesch Roll spillen. Gliese Këschte kënnen als Garage gelount ginn, seet de Roland Lammar, Direkter vu GRIDX.
“A wa bis mäin Auto ënnersteet, da geet déi gliesen Dier op, ech kann a mäin Auto eraklammen an ech fuere mat mengem Auto duerch d’Galerie, aus deem Zenter eraus. Wat natierlech en Hype duerstellt och fir déi Leit, déi dann do spadséieren a sech dat ukucken.”
Donieft gehéiert zum Projet GRIDX zu Wickreng nach en Hotel an et wäerten 120 Appartementer um Site entstoen.