ArcelorMittalAm zweete Quartal war et en Nettogewënn vu 500 Milliounen Dollar

RTL Lëtzebuerg
ArcelorMittal huet hire Rapport vum zweete Quartal 2024 verëffentlecht.
© AFP

Mat Bléck op d’Resultat wieren d’Stolliwwerungen eropgaangen. Dat, an niddreg Käschten hätten dofir gesuergt, deen niddrege Stolpräis auszegläichen.

De Gewënn ouni Zënsen, Steieren an Amortissementer léich am zweete Quartal bei 1,9 Milliarden US-Dollar, par rapport zu zwou Milliarden an den éischten dräi Méint vum Joer.
Den Nettogewënn léich tëscht Mäerz a Juni bei enger hallwer Milliard Dollar par rapport zu 0,9 Milliarden tëscht Januar a Mäerz.

ArcelorMittal geet dervun aus, dass déi aktuell Konditiounen um Marché net laangfristeg ze droe sinn. D’Iwwerproduktioun aus China géing zu niddrege Stolmargen an aggressiven Exporter féieren. D’Stolpräisser géife souwuel an Europa wéi an den USA ënnert den Deckungskäschte leien. Ma d’Entreprise rechent dermat, dass d’Demande am zweeten Hallefjoer 2024 méi grouss wäert sinn wéi d’lescht Joer ëm déi Zäit an et bleift een optimistesch, dass d’Stocken nees opgefëllt ginn, wann d’Demande nees klëmmt.

E wichtege Fokus wier fir d’Entreprise nach ëmmer, a Richtung null Blesséierter an Doudesfäll ze goen. Dofir hätt ee sech an der ganzer Entreprise e Sécherheetsaudit un d’Säit geholl.

Back to Top
CIM LOGO