
En Dënschdeg den Owend huet d'Police an de Stadkäre vun Dikrech an Ettelbréck Verkéierskontrolle mat engem spezielle Fokus op E-Trottinette gemaach. Tëscht 16 an 18:20 Auer goufen am Ganzen 28 Chauffere mat hiren E-Trottinette kontrolléiert. An engem Fall huet d'Gefier net den technesche Bestëmmungen par rapport zu der Maximalvitess entsprach. D'E-Trottinett hat eng potenziell Maximalvitess vun 100 km/h a gouf dowéinst op Uerder vum Parquet saiséiert.
Zu Gilsdref gouf der Police an der Nuecht op e Mëttwoch dann nach e Mann gemellt, deen an der Rue des Près en Auto opgebrach hat an doraus Sue matgeholl huet. Eng Patrull vun der Police huet sech doropshin op d'Sich gemaach a konnt eng verdächteg Persoun stellen, bei där och de Betrag u Sue séchergestallt konnt ginn. De Mann huet sech net wierklech kooperativ gewisen an huet sech um Enn och geweigert, de Policebüro ze verloossen. Well hien en alkoholiséierten Androck gemaach huet, gouf hien duerno an den Arrest bruecht, Protokoller goufen erstallt an Ermëttlungen an d'Weeër geleet.