De Parking läit direkt bei der A1, bitt 481 Parkplazen a läit just eng Tramsstatioun vun der Luxexpo ewech. Fir vun der Gratuitéit ze profitéieren, muss een awer e puer Schrëtt respektéieren. Et brauch een dofir d'CFL P+R-App. Dobäi ass et wichteg, an den Astellungen d'Lokalisatioun ze erlaben, well soss funktionéiert de System net richteg.
An der App registréiert ee sech a gëtt d'Nummereschëld vum Gefier un. Duerno kann een normalerweis ouni Problem an de Parking erafueren. Sollt d'Barrière sech net automatesch opmaachen, kann an der App och e QR-Code generéiert ginn, mat deem den Accès méiglech ass.
Mat der Entrée eleng ass de Parking awer nach net gratis. Nodeems een den Auto ofgestallt huet, muss een de Parking bannent 30 Minutte verloossen a sech op d'mannst 1,5 Kilometer vum Site ewechbeweegen. Eréischt duerno gëtt an der App d'Optioun „Gratuitéit“ fräigeschalt, déi aktivéiert muss ginn. Dëse Schratt ass entscheedend: Wien en ausléisst, bezilt den normalen Tarif – 12 Euro pro Stonn, maximal 80 Euro den Dag.
De Park-and-Ride Héienhaff kann also eng praktesch a gratis Alternativ sinn – virausgesat, d'Technik spillt mat. Bei eisem Test den 29. Juni 2026 huet et technesch Problemer ginn. D'Barrière ass net automatesch opgaangen. No engem Uruff bei der Helpline krute mir d’Barrière opgemaach an konnten eis um Site parken.