
D'Gebai befënnt sech op der lénkser Säit vum Escaut. Wéi d'Police géigeniwwer der Noriichtenagence AFP confirméiert, ginn et méi Doudeger an och Schwéierblesséierter.
Op Biller vu verschiddene belsche Medien ass ze gesinn, wéi aus den ieweschten Etagë schwaarzen Damp kënnt. Och d'Feier selwer ass den Ament nach net ënner Kontroll. D'Pompjeeën hunn ënner anerem eng grouss Leeder installéiert, fir Residenten, déi sech op hire Balconen a Sécherheet bruecht hunn, ze retten. D'Ursaach vum Feier ass bis ewell net gewosst, et soll éischten Informatiounen no awer um 8. Etage vum Gebai ausgebrach sinn. Am Gebai solle verschiddene Medien no iwwer 200 Residentë wunnen.