
All Kéiers sinn d’Automobilisten opgefall, well se d’Riicht net méi mat hirem Auto behale konnten. Gepëtzt gouf e Chauffer zu Esch an der Rue de Luxembourg. Dësen huet dann och säi Fürerschäi mussen ofginn.
Géint 1.20 Auer stoung en Automobilist mat sengem Gefier an der Rue du Rail zu Déifferdeng op enger Plaz, wou en net hätt dierfe stoen. Wéi d’Beamte kuerz drop nach emol do laanscht gefuer sinn, war den Auto fort, konnt awer kuerz drop an der Rue Emile Mark erëm gesi ginn. Hei war den Auto am Zickzack ënnerwee an de Chauffer gouf protokolléiert.
Ongeféier ëm déi selwecht Zäit war e weideren Automobilist zu Esch um Boulevard J.-F. Kennedy ënnerwee, deen den Trottoir ze pake krut an esouguer hannerzeg an de Géigeverkéier gefuer ass. Bei der Kontroll sollt sech erausstellen, dass de Chauffer ze vill gedronk hat. Dofir gouf de Fürerschäin agezunn. Et gouf och nach en illegaalt Messer séchergestallt.