Dës Woch schwätze mir an de Kannaniuuss iwwer de Luxembourg Song Contest, Chantiere beim ëffentlechen Transport a kucke firwat a China grad elo dat neit Joer gefeiert gëtt. Da besiche mir awer och nach d’Käerjenger Museksschoul, déi sech fir hir 60 Joer eppes ganz Besonnesches afale gelooss hunn. Si sammelen zesumme mat hirem Kannerchouer Sue fir de gudden Zweck. Wéi si dat genee maachen, gesitt dir an dëser Episod vun de Kannaniuuss.
D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes