Si dir schonn emol op ee KI-Video eragefall? Ee Video, dee vun enger kënschtlecher Intelligenz gemaach gouf? Där gesäit een der richteg vill um Internet. Mee wéi kann ee si erkennen? Ënner anerem dorëms geet et dës Woch an de KannaNiuuss. Aner Theme sinn d’Special Olympics World Winter Games, d’Verhandlunge ronderëm eng Wafferou an der Ukrain, d’Buergbrennen an de LuxFimFestival.
Dës Woch begleede mir dofir och d’Kannerjury um LuxfilmFestival, déi de beschte Kannerfilm erausgesicht hunn.
D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes