
Nom Droit-Bachelor hei zu Lëtzebuerg géif et nämlech just de Choix vum Master am europäesche Recht, mat ënnert anerem Spezialisatiounen am Finanzrecht ginn. Eng komplett Ausbildung am nationale Recht géing deemno feelen. Vill Studente wiere gezwongen, hir Ausbildung an den Nopeschlänner ze maachen. Well de Lëtzebuerger Droit-Modell sech awer ëmmer méi vum Franséischen a Belschen ewechbeweegt, wier et héich Zäit sech manner ofhängeg vun den Nopeschlänner ze maachen, wann et ëm d'Ausbildung vu Lëtzebuerger Juriste geet. En Vue vum Manktem u Personal an der Magistratur, géif ee Master am nationale Recht zu Lëtzebuerg dësem Problem ze gutt kommen, esou nach d'ANELD.