Camion a FlamenAn der Zolwerstrooss zu Bieles ass eng Zuchmaschinn komplett ausgebrannt

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch an der Mëttesstonn waren d'Pompjeeën an den Asaz geruff ginn, nodeems zu Bieles a Camion Feier gefaangen hat.
Camion a Flamen
Um Mëttwoch an der Mëttesstonn waren d'Pompjeeën an den Asaz geruff ginn, nodeems zu Bieles a Camion Feier gefaangen hat.

D'Zolwerstrooss huet wärend de Läschaarbechte komplett musse fir den Trafic gespaart ginn.

Éischten Informatiounen no, gouf beim Feier kee blesséiert. De Camion ass allerdéngs bis op de Blech ofgebrannt.

Back to Top
CIM LOGO