Reaktioun op ImmigratiounsaffärD'ASTI freet no kompletter Transparenz

Julie Thilges
D'ASTI, d’Association de soutien aux travailleurs immigrés, reagéiert op d’Affär vun illegaler Immigratioun.
Reaktioun op Immigratiounsaffär: D'ASTI freet no kompletter Transparenz
D'ASTI, d’Association de soutien aux travailleurs immigrés, reagéiert op d’Affär vun illegaler Immigratioun.

D’ASTI begréisst d’Reaktioun vum Inneministère, datt en Audit an eng Interieurskommissioun zesummegeruff gëtt. Et misst all Element an dëser Affär gekuckt an d’Resultater vum Audit sollte ganz transparent mam Public gedeelt ginn. Dat seet de Sérgio Ferreira, Directeur politique a Porte-Parole bei der ASTI.

“Fir datt eng voll Transparenz an dës Affär muss kommen a fir datt och keng generell Suspicioun iwwert d’Direction générale de l’immigration geet, well si traitéiert dausend Fäll pro Joer, hei schwätze mir vun e puer honnert. Dat heescht déi Administratioun muss net komplett a Fro gestallt ginn, mee par contre den Audit ass eng gutt Saach fir ze weisen, oder fir Elementer ze fannen, déi net richteg sinn, an dat ze korrigéieren.”  

D’ASTI betount, datt d’Immigranten net all an een Dëppe solle geheit ginn, an et sollt net generaliséiert ginn, a bezitt sech domat virop op d’rietsextreem Parteien an Europa, déi vun dëser Affär kéinte profitéieren, fir ze stigmatiséieren. D’Immigrante wieren net automatesch Auteur vum Fraude, mee kéinten och Victimme sinn, wouduerch et wichteg wier, ofzewaarden, bis all d’Detailer bekannt sinn.

D’administrativ Prozedure fir ekonomesch Immigratioun wiere komplizéiert, an déi verschidde Servicer, déi fir Immigratioun zoustänneg sinn, missten der ASTI no renforcéiert ginn:

“Am Interêt net just vun de Leit selwer, mee och vum Staat. Well wann d’Leit richteg informéiert sinn iwwert d’Associatiounen oder aner Acteuren, déi do sinn, fir d’Leit ze begleeden an net fir vun de Leit ze profitéieren, da kritt d’Administratioun och besser a méi propper Dossieren an de Risiko vu Frauden a Profiteuren — an dësem Fall gesitt dir dat — ass manner. An eisen Ae muss do vläicht eng Reflexioun gemaach ginn, wéi mir eis Gesetzer applizéieren. Elo ass et einfach ze soen, mir misste méi strikt sinn. Mee mir hunn a verschiddene Beräicher vill Beispiller déi weisen: Wat mir méi strikt sinn, wat méi Profiteure kommen.”  

Direkt Probleemer, wat den Dateschutz ugeet, gesäit d'ASTI net direkt an hirem Alldag. “Par contre, an ech sinn net an der Juridictioun fir dat ze soen oder net, mee wann do e Probleem ass, da muss effektiv eppes dorop geschafft ginn. Mee dat soll net géint den Interêt vum Schutz vun de Leit goen. Den Dateschutz ass do well et ganz vill Abusen an deem Domaine ginn.” Wann d’Acteure soen, et misst geännert ginn, dann ass d’ASTI domat d’accord. Mee erënnert awer och drun, datt den Dateschutz aus engem Grond en place ass an iwwert d’Joren ausgeschafft gouf, doduerch sollt dat och net vun haut op muer geännert ginn, mee misst ganz gutt iwwerluecht ginn, esou de Sérgio Ferreira.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO