
Wat fir Perspektiven hunn déi Jonk nach zu Lëtzebuerg? Wéi fille sech jonk Beruffsufänger hei am Land? Gëtt et wierklech eng aner Aarbechtsmentalitéit an der nächster Generatioun? Wéi eng Suergen - zum Beispill Logement, Aarbechtsmaart oder och déi mental Gesondheet - beschäftege si am Meeschten?
Iwwer all dës Froen diskutéiere mir e Samschden an eiser Emissioun Background, zesumme mat jonke Politiker. Dofir siche mir anonymiséiert Temoignagë vu Residenten tëscht 18 bis 35 Joer. Wat mécht Iech Suergen? Wat misst sech änneren? Schéckt eis Är Erfarungen a Message via eisen Online-Formular. Zousätzlech Informatiounen, wéi berufflech Situatioun, si wëllkomm, awer net obligatoresch.
Tipp: Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, musst Dir fir d’éischt d’Cookies vum Site acceptéieren.