
Zejoert huet d’Ëmweltverwaltung d’Zesummesetzung vu méi wéi 200 Alldagsproduiten iwwerpréift.
Wäschwaasser fir den Auto, Kosmetikproduiten an elektronesch Zigaretten. 28 Produite sinn no esou enger Kontroll vum Marché geholl ginn.
Weider huet d’Ëmweltverwaltung bei 43 Betriber d’Kill- a Klimaanlage respektiv d’Wäermepompele kontrolléiert. A ganzer 32 Fäll waren dës net Reegelkonform.
Zesumme mat der Douane goufen Offall-Transporter, déi iwwer d’Grenz gaange sinn, méi genau inspizéiert. Dobäi goufe knapp 1.700 Gefierer kontrolléiert. A méi wéi 200 Fäll gouf et och hei Verstéiss géint d’Gesetzer, esou datt Strofen an Héicht vun alles an allem 41.500 Euro hu musse bezuelt ginn.

Dat alles geet aus dem Joresrapport vun der Ëmweltverwaltung ervir, deen um Freideg publizéiert gouf.