
Ënnert dem Slogan “Make Amazon Pay” fuerdere si, dass d’Entreprise hir Approche zu Steier-, Ëmweltfroen an zu den Aarbechter ännert.
Den Undrang war iwwersiichtlech, eng 30 Leit waren an der Mëttesstonn an der Groussgaass op der Plaz. Mat vill méi hätt een och net gerechent, et wéilt een awer Solidaritéit weisen, erkläert d’Magali Paulus vu Cell.
Amazon géif d’Mataarbechter un hir physesch a psychesch Grenze bréngen, och wann d’Entreprise hire Benefice uganks 2024 verdräifacht hätt.
Dass Amazon säi Siège hei zu Lëtzebuerg huet, wier keen Zoufall, ma esou géif de Konzern iwwert e ganzt Geflecht vu Firme Steieren evitéieren, erkläert de Julian Bernstein vun Etika.
Eréischt rezent ass e Rechtssträit mat der EU-Kommissioun definitiv op en Enn gaangen, mam Resultat, Lëtzebuerg hätt Amazon keng onrechtméisseg Steiervirdeeler accordéiert. D’Kommissioun hat 2017 festgestallt, dass gutt ¾ vun de Gewënner net besteiert gi wieren, an hat Lëtzebuerg duerno opgefuerdert, 250 Milliounen Euro plus Zënse vum Konzern zeréckzefuerderen. Dat ass awer elo vum Dësch.
Nieft der Sozial- a Steiergerechtegkeet misst Amazon och a punkto Ëmwelt Responsabilitéit iwwerhuelen: Den Impakt duerch de Wuerentransport an de Stroumverbrauch wieren enorm, de Groussdeel vum Stroum dovu kéim net aus erneierbaren Energien.