
Den Täter hat Pefferspray dobäi an huet eng Partie Bijoue geklaut, ier e sech zu Fouss a Richtung Place de la Résistence aus dem Stëbs gemaach huet.
Täterbeschreiwung vun der Police
De Mann war tëscht 25 a 35 Joer al an 1,80 bis 1,85 Meter grouss. En huet portugisesch geschwat. En hat eng schwaarz Mutz, eng schwaarz Jackett an eng hellgro Joggingsbox vun der Mark Puma un an och schwaarz-wäiss Schong. Donieft hat eng stoften Tut dobäi, op där d’Figur “Mickey” ze gesinn ass.
All d’Informatioune si fir den 113.
